Bei den Hären ass Decisioun em de Championstitel nach net gefall. Bei den Dammen ass dat awer anescht. De Gréngewald war och dëst Joer nees déi beschten Ekipp. Am Rebound vun haut, kuckt de Rich Simon op d'Saison an awer och op déi leschten 3 Matcher vun der Final, zeréck..
--------
2:21
Rebound, 18/04/2025
De Rebound vun haut steet am Zeeche vun der Däitscher Damme-Bundesliga. An där ginn nämlech d'Finalle vum Championnat gespillt. Aus Lëtzebuerger Siicht ass dat interessant, well d'Magaly Meynadier an deene Finalle mat Saarlouis géint Keltern spillt. De Rebound gëtt iech vum Rich Simon presentéiert.
--------
2:28
Basketball: Rebound, 11/04/2025
Mat der Etzella steet deen éischte Finalist am Championnat am Härebasket scho fest. An der Halleffinall tëscht der Amicale Steesel an dem T71 Diddeleng fält d'Decisioun awer eréischt am drëtten an decisive Match. Bei den Dammen ass muer déi éischt Final tëscht dem Gréngewald an der Sparta. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:
--------
2:49
Rebound, 28/03/2025
Am nationale Basket kréien d’Clibb dacks virgehäit, si hätte keng Gedold mat hire Profien. Den Auslännerkarussell géif ze séier dréien, an dat wier alles anescht wéi eng Reklamm fir de Lëtzebuerger Basket. Datt et awer net ëmmer un de Clibb läit, beweist de Guy Seyler am Rebound vun haut um Beispill vum BBC US Hiefenech.
--------
2:45
Rebound, 21/03/2025
Déi éischt Decisioune sinn an dëser Saison schonns de leschte Weekend gefall. Nämlech wie bei den Damme wéi och bei den Hären d'Coupe géif gewannen. De Verdikt ass bekannt. Bei den Dammen ass d'Coupe an der Gréngewald gaangen a bei den Hären op Esch. Am Rebound kuckt de Rich Simon haut nach eng Kéier op déi zwee Matcher zeréck.